|
Déi traditionell Journée Nationale du Basket fënnt dëst Joer den 23. Februar 2020 zu Diddeleng am Centre Sportif René Hartmann statt.
Well den 3x3 ëmmer méi ee grousse Stellewäert international an och an der Entwécklung vun de jonken Talenter kritt, organiséiert d’FLBB zesummen mam T71 Diddeleng, dëst Joer een 3x3 Turnéier fir Kategorien Poussines/Poussins a Fillettes/Minis.
Niewent de Matcher, kënnen Kanner de ganzen Dag iwwer bei deenen verschiddenen Skill Drill Tests hiert Kennen ënner Beweis stellen.
D'Affiche an d’Aschreiwungsformular fann Dir an der Annexe.
Mellt är Equipe bis spéitstens den 16. Februar 2020 un.
Affiche
Date : 14 février 2020 - Heure : 13:52:45.843775
>> Autres actualités de la catégorie 'Divers'
>> Toutes les actualités administratives
|