Ufangs Oktober ass enner aanerem FLBB vun der FIBA informéiert gin, dass am Februar 2020 (15-24) eng Fenster am Kalänner virgesinn ass, wou en éischten Tour zur Pre-Qualification zur WM 2023 wier. Well eis Jongen jo voll motivéiert sin, mecht eis Nationaléquip do natierlech mat.
Des Fenster wuar awer net an eisem Kalänner, deen am Mäi oofgeseent guff, virgesin, well zu dem Zäitpunkt nach keen eppes wosst....
Dh, dass den aktuelle Kalänner muss fir den Februar 2020 ugepasst gin.
Et faalen 2 Spilldeeg aus, den A2 an den A3 am bestehenden Kalänner.
1) Des zwee Spilldeeg gin an der TL-Hären Playoff op den Mettwoch virdrun (12.Feb.) resp duerno (04.März) verluecht. Wou bäi den "aalen A4" den "neien A3" gett. Dest gellt fir alle 6 Equippen am Playoff.
2) Des zwee Spilldeeg gin am TL-Hären Playdown/N2 Playoff och op die zwee Mettwochen verluecht, awer just fir déi Veräiner wou Nationalspiller convoquéiert guffen vum N.-Träiner. Die aaner Veräiner spillen hier Mätcher wéi virgesin.