|
Gëscht ze Diddeleng gouf et een Dag fir den Jugendbasket. Un der Spuerkeess Journée Nationale du Basket, déi den 23. Februar vun 9 bis 16 Auer ze Diddeleng statt fonnt huet, hun eng 165 Kanner aus 8 verschidden Veräiner mat vill Motivatioun deel geholl.
Fir Kategorien Poussines, Poussins, Fillettes a Minis stoungen nieft dem 3x3 Turnéier och verschidden Statiounen um Programm, wou déi jonk Spillerinnen a Spiller hiert Talent ënner Beweis konnten stellen. D’FLBB ass ze Fridden mat den Participatiounen an dem Oflaf. Et konnt een vill jonk Talenter iwwert den Dag verfollegen.
Mir soen all den Léit Merci déi dësen erfollegräiche an interessanten Basketdag méiglech gemaach hun. Eisem Partner „Spuerkeess“ en groussen Merci fir hier Ënnerstëtzung. Och all den Spillerinnen, Spiller, Coachen an Benevollen Merci fir dësen flotte Dag.
Een speziellen Merci geet un T71 Diddeleng a Gemeng Diddeleng fir déi gutt Organisatioun a Zesummenaarbecht.
D'Fotoen vum Ant Deister kommen nach no.
Wort Fotoen vum Christian Kemp
Date : 24 février 2020 - Heure : 16:11:20.881989
>> Autres actualités de la catégorie 'Divers'
>> Toutes les actualités administratives
|