|
Dëst Joer fënnt déi 3ten Editioun vun den 3x3 Luxembourg Championships den 8. Juli op de Place de l’Académie zu Esch/Belval statt. Nodeems den Datum aus techneschen Grënn zweemol huet missten verluegt gin, as dann elo zesummen mat all Partner den definitiven Datum fond gin. Wei och déi lescht 2 Joer gëtt de Landesmeeschter am 3x3 an den ënnerschiddlechen Kategorien gesicht. Eng Neiegkeet gëtt et wat d’Kategorien ubelaangt. Bei den Erwuessenen gëtt et eng nei Kategorie “Open Mixtes” wou pro Mannschaft 2 Spillerinnen a 2 Spiller ugemellt musse sinn. Bei den Umeldungen ënner 18 Joer, kënnen d’Ënnerschrëften och op der Platz nogereecht gin. Umeldungen ginn bis spéitstens den 30. Juni 2017 ugeholl. Informatiounen iwwer d’Alterskategorien a weider Detailer fannt Dir um Umeldungsformular.
Cliquez ici
Date : 07 juin 2017 - Heure : 08:29:19
>> Autres actualités de la catégorie 'Communiqué de presse'
>> Toutes les actualités administratives
|